10.03.2012: Cabaret zu Remerschen
D'Jugendherberg Remerschen invitéiert op hire Cabaret
"Den Akafsweenchen..."
Samschdeg, 10. März 2012
Start:
matt Iessen: 19.00 Auer
ouni Iessen: 20.00 Auer
Vollgetesselt bis uewenhin - alles, dass de Weenchen net iwwerleeft! Loosst iech iwwerraschen, wat mir alles dragetesselt hunn.
D'Equipe mam Muriel, Odette, Claude, Jacques, Marco, Manou a Nico invitéiert op e flotten Owend fir all Konsument, Client a Verbraucher.
E Cabaret zesumme gesaat an inszenéiert vum Odette Becker.
Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.
Präis:
14 € (Entrée an 1 Gedrénks)
24 € (Entrée, 1 Gedrénks an 1 Plat*)
* Beim Plat kennt dir tëschent vol-au-vent de veau oder duo de mignons wielen (nëmmen op Reservatioun)

Informatioun a Reservatioun:
Jugendherberg Remerschen
31, Wäistrooss
L-5440 Remerschen
Tel.: +352 26 66 73 1
Fax: +352 26 66 73 2
remerschen@youthhostels.lu
|
|
|